Grand Duke Henri delivers his traditional Christmas and New Year Speech on Christmas Eve, 24 December 2020.

Video: Grand-Ducal Court of Luxembourg

Transcript (Luxembourgish)

Léif Matbierger,

D’Joer 2020 wor fir eis all eng enorm Erausfuerderung, esou wéi mir se an de leschte Joerzéngten net kannt hunn.

D‘Enn vum Joer verbrénge mir gäre mat Famill a Frënn, Doheem oder op engem feierlech dekoréierte Chrëschtmaart. Dëst Joer ass et méi komplizéiert, wann net onméiglech, an dat wéinst engem Virus, dee mir all ënnerschat hunn, an dee sech zu enger Pandemie entwéckelt huet déi eis Welt op d’Kopp gestallt huet.

D’Regierung huet hir Responsabilitéit direkt iwwerholl. Fir ganz séier kënnen ze reagéieren, huet si am Mäerz den État de Crise fir 3 Méint ausgeruff, fir d’éischt zanter dem Zweete Weltkrich. Dat war eng schwéier Décisioun, mee si ass vun der ganzer Chamber matgedroe ginn.

De Respekt vun den décidéierte Mesuren ass zu engem wichtegen Ament vu Solidaritéit fir eis all ginn, deen eis gewisen huet, datt mir zesummenhalen, wann et drop ukënnt.

Jo, eis Fräiheete sinn zum Deel ageschränkt ginn. Dat op eng Aart a Weis, wéi vill vun eis et nach ni erlieft hunn. Dës Mesurë sinn awer néideg, fir eis Matmënschen an eis selwer ze schützen, a si sinn zäitlech begrenzt.

Doriwwer gëtt weider an der Chamber debattéiert, well et wichteg ass, de richtegen Equiliber tëscht strikten a manner strikte Mesuren ze fannen. Dat ass lieweg Demokratie.

Nach ëmmer siche Fuerscher, Dokteren a Regierungen, wéi een d’Mënschen esou gutt wéi méiglech protegéiere kann. Et gëtt geschwënn e Vaccin. Dee wäert eis erlaben, nees e Liewen ouni Angscht virun dëser Infektioun ze féieren, a lues a lues an d‘Normalitéit zréck ze goen. Dat ass eis Hoffnung an eist Zil!

Mee, mir brauche Gedold!

Léif Matbierger,

Meng éischt Gedanke gëllen deene Mënschen, déi duerch de Covid hiert Liewe verluer hunn, an hire Familljen a Frënn. Et läit der Grande-Duchesse a mir um Häerz, deenen, déi de Verstuerwenen no stoungen, eist déift Matgefill auszedrécken.

A Gedanke si mir och bei deenen, déi momentan ënner de Symptomer vum Virus leiden, respektiv nach ëmmer mat de Suitten ze kämpfen hunn. Hinnen, an all den anere kranke Leit, wënsche mir vill Courage.
Net vergiesse wëlle mir natierlech déi eeler a vulnerabel Persounen, déi dacks eleng Doheem oder am Altersheem sinn.

Eng aner Suerg gëllt de Kanner an de jonke Leit. Fir si ass et eng schwiereg Zäit. Besonnesch wann ee jonk ass, wëll een erausgoen, mat Frënn feieren, oder am Veräin Musek oder Sport maachen. All dat ass scho bal ee Joer laang net, oder nëmme begrenzt, méiglech.

E grousse Merci well ech un d’Enseignante riichten, déi sech och un déi nei Situatioun hu missen upassen, fir ënnert deenen spezielle Konditiounen hire wichtege Beruff auszeüben.

E weidere Gedanke geet un d’Matbierger déi a Quarantän oder Isolatioun sinn. Mir all kennen där Leit, a mir all hu probéiert, hinne bäizestoen.
Dës Crise sanitaire, déi eisen Alldag verännert huet, weist, wéi fragile eis Gesondheet ass, déi physesch an déi psychologesch, a wéi wichteg et ass, dass mir am Gesondheetssecteur gutt opgestallt sinn.

An de leschte Méint hunn ech mat ville Leit aus deem Secteur geschwat: Fraen a Männer déi sech all Dag asetze fir d’Pandemie ze meeschteren. Ech hat de grousse Pleséier, Zeie vun Ärem Asaz ze sinn. Et ass kloer, datt déi aktuell Situatioun extrem schwiereg ass: den alldeeglechen Drock op Iech ass enorm a vill Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, Soignantes a Soignants leeschten eng formidabel Aarbecht.

Je veux dire à tous ceux qui travaillent dans les métiers qui sont essentiels au bon fonctionnement de notre société, un très grand Merci pour votre dévouement.
Auch unseren deutschsprachigen Mitmenschen möchte ich von ganzem Herzen für ihren beispielhaften Einsatz danken.

Ouni Iech alleguer geet et net!

Léif Leit,

Et ass d’Solidaritéit an eiser Gesellschaft, déi mir am Moment brauchen. Ech sinn impressionéiert iwwer den Zesummenhalt hei am Land, deen elo schonn esou vill Méint unhält.

Eis Wirtschaft konnt um Lafe gehale ginn, wann och am Ralenti a mat vill Perten, besonnesch fir déi méi kleng Betriber.

D‘Secteure vun der Horeca, dem Evenementiel, a vun der Kultur si besonnesch schro betraff. Vill Leit aus dëse Branchen hunn héich finanziell Verloschter gemaach a wëssen net, wéi et soll weidergoen. Dat obschonn d’Regierung Mesurë geholl huet, fir den Entreprisen ënnert d’Äerm ze gräifen.

D’Repercussioune vun der Pandemie op eis Wirtschaft wäerten nach eng Zäit unhalen, dat ëmsou méi, well d’Lëtzebuerger Ekonomie staark vun eisen europäeschen Noperen a vun der Weltwirtschaft ofhänkt. Dofir ass et indispensabel, datt nach méi op europäeschem Niveau zesumme geschafft gëtt.
Am Interêt vun der Allgemengheet ass et wichteg dass mir, an der Europäescher Unioun, eis Efforte mobiliséieren. Ech konnt mech selwer dovun iwwerzeegen, wéi ech d’Direction générale vun der Santé an der Sécurité alimentaire vun der Europäescher Kommissioun op der Cloche d’Or am Oktober besicht hunn.

Äntwerten op déi meescht Froe fënnt een net exklusiv um nationale Plang. Och hei bréngt de blannen Nationalismus keng Äntwerten op d’Défiën. Aus deem Grond ass de Multilateralismus, fir dee Lëtzebuerg sech nach ëmmer staark gemaach huet, fundamental wichteg.

De Klimawandel bleift eng Erausfuerderung fir all d’Länner an Regierungen op der Welt. D’Paräisser Ofkommes muss ëmgesat ginn. Et besteet Urgence. Och zu Lëtzebuerg kréie mir den Impakt vun der Klimakris hautno ze spieren. Hei kann all Eenzele vun eis seng Responsabilitéit iwwerhuelen a probéieren, säi Liewensstil esou nohalteg wéi méiglech ze gestalten.

Léif Matbierger,

D’Joer 2020 wäert eis sécher nach laang an Erënnerung bleiwen. Fir mech perséinlech war et e ganz symbolescht Joer: Et sinn 20 Joer, datt ech Äre Grand-Duc sinn. Dat sinn 20 Joer wou ech frou an houfreg sinn, am Déngscht vum Land a senge Bierger däerfen ze stoen, an dat mat der Stäip vun der Grande-Duchesse. Ech well Iech alleguer Merci soen, fir déi léif Gléckwënsch a fir Äert Vertrauen.

Och am Palais hunn dëst Joer eng Rei Saachen geännert: Mat der Kreatioun vun der Maison du Grand-Duc gëtt d’Monarchie als Institutioun fir d’Zukunft gestäerkt. Et erlaabt mir, der Grande-Duchesse, an den nächsten Generatioune sech méi op d’Substanz vun eisen Aktivitéiten ze konzentréieren.

Léif Leit Alleguer,

Eng immens grouss Freed fir eis Famill war natierlech d’Gebuert vum Prënz Charles. De Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie sinn zanter dem 10. Mee houfreg Elteren. Ech wënschen dem klenge Charles, sengen Elteren an eis alleguer, datt mir nees geschwënn mat Zouversiicht an d’Zukunft kënne kucken.

Loosse mir eis an dësen Deeg besënnen an eis nei bewosst ginn, wat wierklech zielt: d’Famill, d’Frënn, an ee fir deen aneren do ze sinn.
Jo mir maachen eis Suergen, wa mir ronderëm eis kucken. Mir stellen eis Froen, wéi et soll weider goen. Wichteg ass, datt mir net opginn, datt mir un eis selwer gleewen, an esou eis Zukunft positiv gestalten.

Den Opruff, dee meng Groussmamm, d’Grande-Duchesse Charlotte, virun engem vill méi trageschen Hannergrond 1942 un d’Populatioun geriicht huet, wéilt ech haut widderhuelen: kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken!

Léif Matbierger,

No all Däischtert, kënnt Liicht.

Zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg, an all Guddes fir en neit a bessert Joer 2021.

Transcript (French)

Chers concitoyens,

L’année 2020 fut pour nous tous un énorme défi, tel que nous n’en avons pas connu au cours des dernières décennies.

Les périodes de fin d’année sont souvent synonymes de moments chaleureux, que nous partageons en famille ou entre amis, à la maison ou sur un marché de Noël paré de décorations festives. Cette année, tout cela est bien plus compliqué, voire impossible, car un virus, que nous avons tous sous-estimé, s’est développé en pandémie et a ébranlé notre vie quotidienne, nos habitudes.

Le Gouvernement a immédiatement engagé ses responsabilités. Afin de pouvoir réagir rapidement, l’état de crise a été proclamé au mois de mars pour une durée de trois mois, une première depuis la Seconde Guerre Mondiale. Une décision difficile avec des implications lourdes, soutenue par l’ensemble de la Chambre des Députés.

Oui, nos libertés ont été partiellement restreintes. Et ceci d’une manière inédite. Mais ces mesures sont nécessaires afin de protéger nos concitoyens, nos proches et nous-mêmes, et elles sont limitées dans le temps.

Les débats au sein de la Chambre des Députés se poursuivent, car il importe de trouver un juste équilibre entre des mesures strictes et moins strictes. C’est aussi ça la démocratie vécue.

Les scientifiques, les médecins et les gouvernements continuent de déployer leurs efforts à la recherche des meilleurs moyens afin de protéger la population. Entretemps, un vaccin est sur le point d’être disponible, et nous permettra de renouer avec une vie sans peur et de retourner doucement vers la normalité. C’est notre espoir et notre but!

Mais la patience s’impose!

Chers concitoyens,

Mes premières pensées vont vers ceux qui ont perdu la vie à cause du Covid, ainsi qu’à leurs familles et amis. Il importe beaucoup à la Grande-Duchesse et à moi-même, de vous exprimer nos plus sincères condoléances.

Nos pensées vont également vers tous ceux qui souffrent des symptômes du virus, ou qui font toujours face aux séquelles. A vous, ainsi qu’à tous ceux qui sont malades, nous souhaitons courage.

Nous n’oublions pas non plus les personnes âgées ou vulnérables, qui sont souvent seules chez elles ou dans des maisons de retraite ou de soins.

Nous nous soucions également des enfants, des adolescents et des jeunes adultes. C’est une période particulièrement difficile pour eux. Quand on est jeune on a envie de bouger, de sortir avec des amis, d’être actif dans un club de musique ou de sport. Depuis presque un an, tout cela n’est plus possible, ou uniquement de façon limitée.

J’adresse un grand Merci à tous les enseignants, qui ont dû s’adapter à la nouvelle situation afin de pouvoir exercer leur métier essentiel en dépit de conditions très spéciales.

Une autre pensée va à nos concitoyens qui se trouvent actuellement en quarantaine ou en isolation. Chacun de nous connait de telles personnes et nous avons tous essayé de leur prêter assistance.

Cette crise sanitaire, qui a bouleversé notre vie quotidienne, nous montre à quel point notre santé est fragile, tant d’un point de vue physique que psychologique, et à quel point il importe que notre secteur de santé soit basé sur des fondations solides.

Au cours des derniers mois, je me suis entretenu avec de nombreux représentants du secteur médical, des femmes et des hommes, qui s’investissent chaque jour pour combattre la pandémie. J’ai eu le grand plaisir d’être témoin de votre engagement. Nul doute que la situation actuelle est extrêmement difficile : la pression quotidienne qui pèse sur vous est immense et malgré tout, vous, médecins, infirmières et infirmiers, soignantes et soignants, accomplissez un travail formidable.

Je veux dire à tous ceux qui travaillent dans les métiers essentiels au bon fonctionnement de notre société, un très grand Merci pour votre dévouement.

De même, j’aimerais remercier de tout coeur tous les concitoyens et frontaliers francophones et germanophones pour l’engagement exemplaire.

Chacun de vous joue un rôle important, sans vous nous n’y arriverons pas !

Chers tous,

Dans ces moments, c’est la solidarité de toute une société dont nous avons besoin. Je suis impressionné par la cohésion dans notre pays, une cohésion qui dure depuis tant de mois !

Nous avons réussi à ce que l’économie continue de fonctionner, bien qu’au ralenti et avec des pertes, surtout pour les plus petites entreprises.

Les secteurs de l’Horeca, de l’évènementiel et de la culture ont été particulièrement affectés. Nombreux sont les personnes qui se voient confrontées à des pertes financières considérables et qui ne savent ce que l’avenir leur réserve. Et ceci malgré les mesures prises par le Gouvernement visant à soutenir les entreprises.

Les répercussions de la pandémie sur notre économie risquent de se faire sentir sur le long terme, d’autant plus que l’économie luxembourgeoise est fortement dépendante de nos voisins européens ainsi que de l’économie mondiale.

Dans l’intérêt de tous il est donc indispensable que nous mobilisions nos efforts au sein de l’Union européenne. J’en ai eu un vif témoignage lors de ma visite à la Direction générale de la santé et de la sécurité alimentaire de la Commission européenne à la Cloche d’Or en octobre dernier.

Des réponses à la plupart des questions ne peuvent être trouvées exclusivement sur le plan national et un nationalisme aveugle n’apporte aucune solution aux défis actuels. C’est pourquoi le multilatéralisme, que le Luxembourg a toujours poursuivi avec détermination, revêt une importance fondamentale.

Le changement climatique demeure un défi pour tous les pays et gouvernements de la planète. L’accord de Paris doit être mis en oeuvre. Il y a urgence ! Notre pays n’échappe pas à l’impact de la crise du climat et chacun d’entre nous peut assumer sa responsabilité et essayer d’adopter un mode de vie aussi durable que possible.

Chers compatriotes,

L’année 2020 sera longtemps gravée dans notre mémoire. Pour moi personnellement, ce fut aussi une année très symbolique : cela fait 20 ans que je suis votre Grand-Duc. 20 ans où j’ai été heureux et fier d’avoir le privilège de servir les intérêts du pays et de ses habitants, avec l’appui de la Grande-Duchesse. J’aimerais vous remercier pour vos félicitations et votre confiance.

Cette année a aussi vu un nombre de changements au Palais: avec la création de la Maison du Grand-Duc, la Monarchie est renforcée comme institution et parée pour l’avenir. Ceci me permet, ainsi qu’à la Grande-Duchesse et aux générations futures de se concentrer encore d’avantage sur la substance de nos activités.

Chers tous,

Une énorme joie pour notre famille fut évidemment la naissance du Prince Charles. Le Prince Guillaume et la Princesse Stéphanie sont de fiers parents depuis le 10 mai dernier. Je souhaite au petit Charles, à ses parents ainsi qu’à nous tous, que nous puissions prochainement aborder à nouveau l’avenir avec confiance.

Ces jours de fin d’année me semblent propices à une introspection personnelle de façon à nous rendre compte de ce qui compte vraiment : la famille, les amis et le fait d’être présent – les uns pour les autres.

Oui, nous devenons soucieux en regardant autour de nous. Nous nous interrogeons sur le futur. Ce qui importe c’est de ne pas se résigner, de garder la confiance en soi ainsi qu’un état d’esprit positif pour l’avenir.

J’aimerais aujourd’hui rappeler l’appel que ma grand-mère, la Grande-Duchesse Charlotte, a lancé à la population avec un arrière-fond nettement plus dramatique en 1942 : “Kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken!” (Surtout ne baissons pas la tête en ces temps difficiles !)

Chers compatriotes,

Après l’obscurité vient la lumière !

Ensemble avec la Grande-Duchesse, le Prince Guillaume, la Princesse Stéphanie et tous nos enfants, nous vous souhaitons du fond de coeur de passer de très bonnes fêtes de Noël et une nouvelle et meilleure année 2021.

English Translation

Dear fellow citizens,

The year 2020 has been a huge challenge for all of us, such as we have not experienced in the past decades.

The end of the year periods are often synonymous with warm moments, which we share with family or friends, at home or at a Christmas market adorned with festive decorations. This year, all of this is much more complicated, if not impossible, because a virus, which we have all underestimated, has developed into a pandemic and has shaken our daily lives, our habits.

The Government immediately assumed its responsibilities. In order to be able to react quickly, a state of crisis was declared in March for a period of three months, a first since World War II. A difficult decision with far-reaching implications, supported by the entire Chamber of Deputies.

Yes, our freedoms have been partially restricted. And this in an unprecedented way. But these measures are necessary in order to protect our fellow citizens, our loved ones and ourselves, and they are limited in time.

Debates in the Chamber of Deputies continue, as it is important to find the right balance between strict and less strict measures. This is also lived democracy.

Scientists, doctors and governments continue to work hard to find the best ways to protect people. In the meantime, a vaccine is about to be available, which will allow us to reconnect with a fearless life and slowly return to normalcy. This is our hope and our goal!

But patience is required!

Dear fellow citizens,

My first thoughts are with those who have lost their lives to Covid, as well as their families and friends. It is very important to the Grand Duchess and to myself to express our sincere condolences to you.

Our thoughts are also with all those who are suffering from the symptoms of the virus, or who are still facing the after effects. To you and to all those who are sick, we wish courage.

We also do not forget the elderly or vulnerable, who are often alone at home or in nursing or care homes.

We also care about children, adolescents and young adults. It’s a particularly difficult time for them. When you are young you want to be active, go out with friends, be active in a music or sports club. For almost a year now, all of this has not been possible, or only to a limited extent.

A big thank you to all the teachers, who had to adapt to the new situation in order to be able to exercise their essential profession despite very special conditions.

Another thought goes to our fellow citizens who are currently in quarantine or in isolation. Each of us knows such people and we have all tried to help them.

This health crisis, which has changed our daily lives, shows us how fragile our health is, both from a physical and psychological point of view, and how important it is for our health sector to be based on solid foundations.

Over the past few months, I have spoken to many representatives of the medical industry, women and men, who are working every day to fight the pandemic. I had the great pleasure of witnessing your commitment. There is no doubt that the current situation is extremely difficult: the daily pressure weighing on you is immense and despite everything, you, the doctors, nurses and nurses, are doing a wonderful job.

I want to say to all those who work in the trades essential to the proper functioning of our company, a very big thank you for your dedication.

Likewise, I would like to sincerely thank all French-speaking and German-speaking fellow citizens and border residents for their exemplary commitment.

Each of you plays an important role, without you we will not do it!

Dear all,

In these times, it is the solidarity of a whole society that we need. I am impressed by the cohesion in our country, a cohesion that has lasted for so many months!

We have managed to keep the economy running, albeit at a slower pace and with losses, especially for smaller businesses.

The hotel and catering, events and culture sectors were particularly affected. Many people find themselves facing huge financial losses and not knowing what the future holds. And this despite the measures taken by the Government to support businesses.

The repercussions of the pandemic on our economy are likely to be felt in the long term, especially since the Luxembourg economy is highly dependent on our European neighbors as well as on the world economy.

In the interests of all, therefore, it is essential that we mobilize our efforts within the European Union. I witnessed this vividly when I visited the European Commission Directorate-General for Health and Food Safety at La Cloche d´Or last October.

Answers to most questions cannot be found exclusively at the national level, and blind nationalism provides no solution to current challenges. This is why multilateralism, which Luxembourg has always resolutely pursued, is of fundamental importance.

Climate change remains a challenge for all countries and governments around the world. The Paris agreement must be implemented. It’s urgent ! Our country is not immune to the impact of the climate crisis and each of us can take responsibility and try to live as sustainable a way of life as possible.

Dear compatriots,

The year 2020 will be etched in our memories for a long time. For me personally, it was also a very symbolic year: I have been your Grand Duke for 20 years. 20 years in which I have been happy and proud to have the privilege of serving the interests of the country and its inhabitants, with the support of the Grand Duchess. I would like to thank you for your congratulations and your trust.

This year has also seen a number of changes at the Palais: with the creation of the Maison du Grand-Duc, the Monarchy is strengthened as an institution and ready for the future. This allows me, the Grand Duchess and future generations to focus even more on the substance of our business.

Dear all,

A huge joy for our family was obviously the birth of Prince Charles. Prince Guillaume and Princess Stéphanie have been proud parents since May 10. I wish little Charles, his parents and all of us, that we can soon look to the future with confidence again.

These end-of-year days seem to me to be a time for personal soul-searching into what really matters: family, friends and being there – for each other.

Yes, we get concerned as we look around us. We wonder about the future. What is important is not to give in, to maintain self-confidence and a positive frame of mind for the future.

Today I would like to recall the appeal that my grandmother, the Grand Duchess Charlotte, launched to the population with a much more dramatic background in 1942: “Kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken ! ” (Above all, let’s not lower our heads in these difficult times!)

Dear compatriots,

After darkness comes light!

Together with the Grand Duchess, Prince Guillaume, Princess Stéphanie and all our children, we wish you from the bottom of our hearts a very happy Christmas and a new and better year 2021.

Grand Duke Henri. Photo: © Grand Ducal Court / Sophie Margue

Your comments are welcome. (Please note no offensive, abusive language and no spam. Those ones will be deleted.)

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.